27.01.2020

Sous la neige

Programm

Compagnie Les Bestioles
 
Martine Waniowski, Regie, Spill. Amélie Patard, Berodung Choreographie. Philippe Rodriguez-Jorda, Berodung Dekor. Reda Brissel, Spill. Gilles Sornette, Musik. Brice Durand, Belichtung. Daniel Trento, Kostümer.
 
Eng wäiss Landschaft aus vill Seidepabeier, déi am Wand rauscht, wéi Schnéi knistert, opliicht a Welle schléit, invitéiert d'Spectateure ronderëm op eng sënnlech Rees. Aus dëser poetescher Landschaft erwächen zwee Acteure, ouni Wierder, imaginär Biller zum Liewen: De Pabeier gëtt e Fësch, dee seng Flossen ausbreet, en Ozean entsteet, de Pabeier fléit dervun lues a lues a Richtung Publikum, a fuerdert et op fir ze spillen.... Déi franséisch Compagnie Les Bestioles kreéiert fir déi ganz Kleng en abstrakt Universum, bei deem sech eng ganz Welt vu Formen, Toun a Gefiller virun hinnen opdeet. Begleet vun elektroakustescher Live-Musek, déi vun alle Säiten diffuséiert gëtt, ass de Spektakel en Erliefnes fir all d'Sënner.
 
Eng Produktioun vun der Compganie Les Bestioles a Koproduktioun mam Centre culturel Pablo Picasso - Scène conventionnée pour le jeune public - Homécourt. Mat Ënnerstëtzung vum Conseil Régional de Lorraine, vum Conseil Département de Moselle am Kader vum Cabanes festival de Moselle, an der Ville de Metz an dem SPEDIDAM.
 
Allgemeine Informationen

1 place Marie-Adélaïde
L-9063 ETTELBRUCK

Siehe auf der Karte

Datum

Montag, 27 Januar 2020


Startzeit

15h00


Preise

Tarif scolaire : 6.00


Kontakt