30.01.2026
De LARS a CINEXTDOOR hunn d’Käpp zesumme gestach fir Iech déi éischt Editioun vu KUERZ & KNACKEG: SHORTFILMS MADE IN LUXEMBOURG ze presentéieren. Vum Drama iwwert den Documentaire an Thriller weise mir Iech eng Panoplie vun der lëtzebuerger Kuerzfilmproduktioun säit de fréien 90er Joren. Um Programm am VOL I stinn:
RACCROCHER vum Marylène Andrin-Grotz (2025)
TOUCH ME / WAS BLEIBT vum Eileen Byrne (2018)
ROGER vum Geneviève Mersch (1996)
.
EN DAG AM FRÄIEN vum Govinda van Maele (2012)
SNIPER vum Pol Cruchten (1994)
GLIMMEN / VANISHING vum Ken Rischard (2022)
.
D’Filmer lafen an hire lëtzebuergeschen an däitschen Originalversioune mat engleschen Ënnertitel.
46, rue de l'Industrie
L-9250 Diekirch
Freitag, 30 Januar 2026 - 19h30
: 7.5€
T : 00352281198-1