02.05.2026
D’Kommissioun fir Soziales an den 3. Alter invitéiert op eng Konferenz fir d’Sécherheetsgefill bei de Leit ze stäerken
.
Wéini? den 2. Mee 2026 um 16 Auer
Wou? am Festsall vun der Grondschull zu Dikrich.
An dësem Virtrag steet d’Sensibiliséierung fir verschidde Bedruchsmaschen am Mëttelpunkt, déi besonnesch eeler Leit betreffen: Trickdéifstiel, Schockuriff …
D‘Senioresécherheetsberoder*innen vu GERO wëllen Iech dobäi hëllefen, esou Gefore fréi ze erkennen a verständlech Erklärungen, konkret Beispiller aus der Praxis an nëtzlech Tipps fir den Alldag ze ginn.
Uschléissend zerwéiert d’Kommissioun Kaffi a Kuch.