05.06.2026

AUSSTELLUNG: Am Wandel vun den Zäiten

Programm

An der Ausstellung gëtt d’Geschicht vun 175 Joer Dikrecher Sängerbond op eng lieweg Aart a Weis erzielt.

 

Mat raren Archivfotoen, Plakater, Fueskostümer, Jubiläums- a Fotobicher kritt de Public en authenteschen Abléck an d’Dikrecher Veräinskultur, de sozialen Zesummenhalt an déi musikalesch Erausfuerderungen duerch d’Zäiten.

 .

Iwwer zwee Stäck erlieft een eng Rees duerch déi wichtegst Etappe vum Dikrecher Sängerbond. Een Deel vun der Ausstellung ass dem Jos KINZÉ, laangjäregen Dirigent vum Sängerbond a Citoyen Méritant vun der Stad Dikrech gewidmet. Ee weideren Deel vun der Expo gëtt een Abléck an d’Veräinsliewen, mat Fotoe vun der Fuesend, dem Theater a lëschtegen Owender.

 

Fir d’Inauguratioun vun der Ausstellung „Am Wandel vun den Zäiten“ presentéiert den Dikrecher Sängerbond e kuerze musikalesche Programm.

.

Allgemeine Informationen

Musée d'Histoire[s] Diekirch

13, rue du Curé
L-9217 DIEKIRCH

Siehe auf der Karte

Datum

Freitag, 05 Juni 2026 - 18h30