27.06.2026
D’Chouerschoul vum CMNord mat senge Chéier MINIVOX, CANTIX, MELODIX an HARMONIX entféieren de Public an eng Welt, an där Niewelgestalte pësperen, Fabelwiesen danzen a geheimnisvoll Kläng d’Loft erfëllen. Di jonk Sänger*innen presentéieren e faarweräiche Programm, vu schauereg-schéine Chouerwierker bis zu méi lëschtege Lidder.
.
Dësen Owend versprécht Héngerhautmomenter a lëschteg Iwwerraschunge fir déi ganz Famill. Loosst Iech verzauberen an erlieft, wéi lieweg a pakend Chouermusek ka sinn.
.