12.12.2026 - 13.12.2026
No dem groussen Erfolleg am Dezember 2024 knëppt d’Entente des Chorales de Diekirch. un d’Erfollegsgeschicht un a preparéiert eng nach méi spektakulär Opféierung fir 2026. Déi véier lokal Gesangsveräiner (Chorale Municipale Sängerbond,Chorale Ste Cécile, Ensemble Vocal Cantica et Ensemble de Jeunes Dikricher Solschlësselcher) presentéieren e grousse Concert mat engem villfältege Chrëschtrepertoire.
Zesumme mam renomméierte Blechbléiserensemble MAGNIFICA vu Paräis, sangen a musizéieren iwwer 90 Sänger*innen, hauseege Solisten*innen a Museker a versetzen de Public mat nei arrangéierte Melodien an déi richteg Chrëschtdagsstëmmung. Mat enger nach méi kreativer Liichtregie, gëtt dëse Concert sécher en déifgräifend musikalescht Erliefnis.
Entrée : 25€/ 15€ <25 Joer / Gratis <12 Joer / Kulturpass
FREESEATING / Reservatioun ab dem 01.12.2026
T:691 39 51 15 / tickets.sbd@gmail.com.
-, place Guillaume
L-9279
Samstag, 12 Dezember 2026 - 20h00
Sonntag, 13 Dezember 2026 - 20h00