24.05.2024

Nopeschfest zu Dikrich

Programm

Firwat e Nopeschfest?

Seng Noperen ze invitéieren verbessert de sozialen Zesummenhalt, d’Gesellegkeet an d’Solidaritéit am Quartier oder am Duerf. Dat ass de Sënn an Zweck vum Europäesche Fest vun de Noperen, dat dëst Joer Freides den 24. Mee stattfënnt. Mat den éischte Schratt a stellt Iech bei de Nopere vir, déi Dir nach net kennt.


Wien organiséiert d’Nopeschfest ?

Dir, andeems der Är Noperen invitéiert.


Wou soll d’Nopeschfest stattfannen ?

Am Haff oder an der Entrée, am Gaart oder an engem Appartement, op enger ëffentlecher Plaz, an engem Park oder einfach op der Strooss...


Wéi soll d’Nopeschfest organiséiert ginn ?

-Kontaktéiert Är Gemeng fir Hëllef an Ënnerstëtzung bei den Invitatiounen, Flyer, Affichen, Reklamm-Baatschen, Bänken an Dëscher, Oofspäergitter, Ofsécherung vun der Strooss, ...)

-Lued d’Affiche, Flyeren an d’Invitatiounen erof op nopeschfest.lu .

-Hänkt Plakater op a verdeelt Invitatiounen mam Datum, der Auerzäit an der Plaz un Är Noperen.

-Organiséiert d’Fest zesumme mat deenen Noperen, déi der am Beschte kennt.

-Eenegt Iech op eng Form fir d’Fest: en einfachen Aperitif, en Zallotebuffet, e Grillfest, en Dessertsconcours, .... Denkt och un d’Kanner!

-Jidderee kann hëllefen an eppes fir ze iessen oder ze drénke matbréngen.

-Denkt och un d’Dekoratioun an un d’Musek, mee respektéiert déi Noperen, déi net wëllen deelhuelen.

Allgemeine Informationen

Diekirch

Esplanade
L-9217 DIEKIRCH

Siehe auf der Karte

Datum

Freitag, 24 Mai 2024 - 10h00