Ouschtermaart zu Dikrich

 

Samschdes, den 23. Mäerz a Sonndes, den 24. Mäerz 2024

vun 11.00 - 18.00 Auer

an der Foussgängerzon zu Dikrich

 

Och dëst Joer ass rëm den traditionellen Ouschtermaart an der Foussgängerzon zu Dikrich.

Héi fannt Dir allerhand interessant Verkafs-, Iess- a Gedrénks- Stänn, ee Bastelatelier fir di Kléng, an den traditionelle Floumaart vu Sonndes Moies fréi un am Haff vum Kolléisch.

Di 2 Deeg ass Mëttes ëm 2 Auer ee Concert op der Liberatiounsplaz, Samschdes mam Robert Messineo a Sonndes mat Les Brasseurs.